Wasserbillig / Mitglied: Anouk Antony / 21.06.2011
E Schâschtechbotzer mat Pinsel
Gemeindeleben - Kultur - Bildung
Zu Waaserbellech huet den Emil Antony sein Atelier, wou ech haerzlech empfange ginn sinn.
Als 4 Joer aalen Bouf huet hen Bezéihung zum Bleisteft a Kraid schon fréih entdeckt.
Hien konnt nach net grad schwätzen, dunn huet hien schon Biller gemolt, an wann hien sech net konnt ausdrecken an Wieder, huet hien dat einfach op en Steck Pabeier bruecht.
Eng Noopesch vun fréiher huet dem Emil schmunzelnd nogekuckt, wéi hen op d`Mauer vum Haus gemolt huet.Et huet net laang gedauert, dunn koum och schon seng Mamm an huet hien vernannt.
Als Autodidakt wollt hien sech awer weiderbilden an enger Konschtakademie, awer seng Elteren hunn dat guer net ennerstetzt an hunn gemengt den Beruf „Schâschtechbotzer“ woren schon den Monni a Papp, an dat misst elo weider Traditioun an der Famill Antony bleiwen.Am 4.Schouljoer konnt den klengen Emil sech beweisen an oft op Tafel molen.Den Professor vun demools war net méi wéi houfrech datt se en esou an der Klass haten.
Den Emil huet et dunn geschafft mat harden an langen Diskussiounen doheem, an der Summervakanz op Bréissel fir zwee Méint ze goen.Hien huet des Konschtschoul net gären verlooss. Als enzegen Letzebuerger huet hien 1967 zu Mainz mat nach 19 Kollegen un enger Bühnendekoratioun mattgehollef schaffen. 1989 huet hien sein éischt Buch mat architekoneschen Zeechnungen vun Kameiner erausginn.Et leit op der Hand, datt wann en seng well Déieren op sengen Biller bewonnert, datt hien stark faszinéiert ass vum Kontinent Afrika.Wann et him zevill gett an hien seng Rouh brauch, peckt hien seng Staffelei an, an reest erem an dat sonnegt, warmt an impressionant Südafrika, " Namibia, Botswana, Mosambique an Sambia".
Den Tarzan am Jungle, oder einfach den Emil den méditéiert.
Den Fréihpensionist huet seng Betrieber sengen Kanner iwwerginn, déi des Geschäfter erfollechreich weiderféieren.Bis elo huet hien schon 12 Ausstellungen opweises.Sein Lieblingsdéier ass den „Elefant“.All Bild huet seng perséinlech Note an Erennerung.Hien hält un neischt fest, nemmen esou kann en sech weider entweckelen, esou d`Wieder vum Moler.
Iddien ginn dem Déierenfrend nie aus.Hei eng kleng Anekdote aus sengem Liewen.Mat aneren Kenschtler war hien zu Mertert am Parc am gangen e Weiher ze molen.Et huet en gemengt et wier eng Course.Wen war als éischt ferdeg? Ma eisen Emil.Grad ferdeg, dunn fällt sein Bild vun der Staffelei erof an hat op gutt Letzebuergech, „en Eck eweg“. Dunn koum en Tourist lanscht an huet gemengt : „Wéivill kascht dat Bild?“ hien wier interesséíert. Nee, et ass beschiedecht an ech well ken Geld, huet den Emil gemengt.Den Tourist huet sech awer net ginn. Dunn ass décideíert ginn, „Bild“ fir eng Kescht Béier an eng nei Toile ofzeginn. Domatter net genuch, no enger kuerzer Zeit, koum den Tourist mat sengem Frend zereck an huet gemengt:“ech well och esou e schéint Bild“.Dem Emil net faul, huet erem seng Toile, Béier an des Kéier nach Grillwurschten gefrot.Wéi sie sech eens waren, konnt hien och dest Bild ferdeg molen.An den Owend war gelongen, all hunn se gefeiert, déi aner Kenschtler, den Tourist an sein Frend, an den Emil. Dat sinn Momenter wou den Emil glecklech ass.
No eisem Fotoshoot an Interview war ech ganz ZEN.Ech hunn schon lang ken esou ausgeglachenen Mensch meí begéint.Wann dir dem Emil seng Arbeschten kucken wellt, hei sein Internetsite: www.africa-painting.com
Wann dir Enn nächst Joer zu New York sitt, dann besicht hien an der Galerie „Agora“, hen freet sech op all Besuch.
Anouk Antony